info@quintaatlantis.com +351 296 559 172

Observatioun vun Walen an Delfinen


D’Azoren woren nach ëmmer matt Walen an Walfang verbonnen. D’Azoreaner hunn an der Vergaangenheet d’Majoritéit vun den Walfänger virun der amerikanescher an kanadescher Küst gestallt. Dobäi hunn der vill hiert Liewen gelooss oder sinn definitiv an hirer neier Heemecht bliwwen. Och haut nach wanderen vill Leit vun den Inselen op den nordamerikaneschen Kontinent aus.

D’Observatioun vun Walen an Delfinen, an d’Schwammen am Mier matt Delfinen ass en Héichpunkt vun engem Openthalt op den Azoren.

Méi wéi 25% vun allen Walzorten an déi meeschten Zorten Delfinen halen sech op den Azoren op a bidden esou eng gutt Geleeënheet dës Déieren vun no ze observéieren.

Déi meeschten Gesellschaften déi dëst ubidden halen sech un e strenge Code fir d’Auswierkungen op d’ Déieren kleng ze halen.

Verpasst dës Attraktioun net an huelt en onvergiesslecht Erliefnes mat heem !

www.terrazulazores.com