info@quintaatlantis.com +351 296 559 172

Wat bidd Sao Miguel?


Sao Miguel, och déi « Gréng Insel » genannt, ass déi gréissten Insel vun den Azoren an huet déi meescht Awunner. Op 750 Quadratkilometer wunnen 150.000 Leit, dovun 80.000 zu Ponta Delgada, der gréisster Stad vum Archipel.

Sao Miguel huet eng flott Mëschung vun Séien (wéi z.B. dem Lagoa de Fogo), Plagen mat schwaarzem Sand (wéi bei eis zu Povoaçao),héijen Bierger a Fielsen, gréngen Däller a bloem Mier.

Sao Miguel huet alles wat den Tourist brauch.

Ponta Delgada ass eng „kosmopolitesch“ Stad ginn, wou een all méiglech Friemsproochen op der Strooss héiert. Déi meescht Touristen kommen aus Skandinavien, Däitschland, Holland, Spuenien, Kanada, USA…Déi lescht 10 Joer huet d’Stad sech vill verännert ouni awer hiren alen Charme ze verléieren. Matt senger neier Marina, dem Quai fir Croisièresschëffer, sengen Butikken, gudden Restauranten a villen Caféen matt Terrass gëtt sech d’Stad ë weltoppene Flair,an dat net ouni Erfolleg.

Een vun den Héichpunkten vun Sao Miguel ass den Park Terra Nostra zu Furnas. Gidd net fort ouni an deem groussen Park mat sengen villen imposanten Beem, sengen exoteschen Planzen, sengen eenheemeschen Blummen a senger grousser Piscine mat waarmen Waasser en Tour gemat ze hunn.

Vergiesst och net zu Furnas déi lokal Spezialitéit Cozido das Furnas ze schmaachen, engem Eintopf deen stonnelaang am waarmen Bueden zu Furnas gebrutscht huet.

D’Amateure vun Golf kommen och op hir Käschten: op Sao Miguel ginn et 2 Terrainen (Furnas an Batalha bei Rabo de Peixe).

Et gëtt soss nach vill aner Saachen ze entdecken. Et muss also net ëmmer Dubai sinn.Kommt emol eng Kéier kucken; Dir wärt begeeschtert sinn an erëm kommen.