info@quintaatlantis.com +351 296 559 172

D’Geschicht vun eisem Haus


Eis Quinta ass en historescht Haus,dat vun enger räicher Famill vun Sao Miguel, déi 1907 aus Brasilien zeréck komm ass, gebaut ginn ass. D’Haus mat sengem herrschaftlechem Stil gouf 1910 opgeriicht an huet eng interessant Architektur. D’Haus war an ass nach ëmmer bekannt als “d’Haus vun de Schwësteren” well eng Kongregatioun vun frommen Fraen (awer keng Nonnen) do laang déi éischt Spill-an Primärschoul vum Duerf geleet huet.

Vill Leit hunn haut nach eng gutt Erënnerung un d’Schwëster Gabriela , déi schonn säit Joeren an der Pensioun ass. Vill Leit hunn hei hir Schoulcarrière ugefang an hunn, no hiren Aussoen gutt Erënnerungen un déi Zäit. E puer goufen an der Kapell, déi sengerzäit nach un d’Haus ugebaut war, gedeeft oder bestuet.

De Keller vun eisem Haus ass elo erëm als Schoul ageriicht an mécht de Kanner vun haut vill Freed.