info@quintaatlantis.com +351 296 559 172

D’NATUR OP SÃO MIGUEL


São Miguel ass e Synonym fir Natur! Iwwerall fannt Där schéin Landschaften a Vuen déi Iech den Otem huelen. D’Trëppelweeër ginn säit e puer Joer ausgebaut an d’Géigend ronderëm Povoaçao huet e puer vun deenen flottsten ze bidden. Mir hunn Kaarten, Guiden an Rotschléi fir Iech parat. Op www.trails-azores.com fannt Dir lafend Informatiounen iwwer dën Zoustand vun dën Weeër.

Pico da Vara ass den héchste Bierg vun der Insel (1103 M) a steet säit 1982 ënner Naturschutz. Lagoa do Fogo ass e Kraterséi,deen Där net verpassen dierft. Wann emol eng Kéier Niwwel ass wann Där do sidd (dat kënnt vir),musst Där e bëssen Gedold hunn (oder awer vläicht den Dag drop erëm kommen….):wann d’Wolleken op emol oprappen, gitt Där matt enger eemoleger Vue entschiedegt.

D’Aussiichtspunkten (Miradoiro) vun São Miguel huelen Iech den Otem. Besonnesch déi vun Nordeste,Ponta do Sossego a Madrugada an de Pico da Ferro mat vill Gréngs a klenge Parken invitéieren Iech op e Picknick. Vista do Rei bei Sete Cidades offréiert eng onvergiesslech Vue op zwee Kraterséien, déi beim groussen Vulkanausbroch ëm 1450 entstanen sinn. No bäi Povoaçao ass den Aussiichtspunkt Lomba do Cavaleiro, vun deem een déi 7 Hiwwelen déi ëm eist Duerf leien, gesäit.

Eng vun den Haaptattraktiounen sinn d’Piscinnen am Fräien mat waarmen Waasser. Eng vun déinen schéinsten ass Caldeira Velha wou dat waarmt, eisenhaltegt Waasser vun engem brongen Fiels an d’Becken aus Basaltsteng fällt. An dat ganzt ass ëmginn vun enger Vegetatioun wéi am Urbësch. Am Park Terra Nostra zu Furnas ass eng grouss Piscine matt staark eisenhaltegen an 38 Grad waarmen Waasser. Do gitt Där garantéiert brong ……vum Eisen am Waasser. Et ass awer gutt géint de Rheuma;mir hunn dat selwer ausprobéiert. An Island hunn se d’Blue Lagoon, hei ass ëtt eben d’Brown Lagoon. Ronderëm d’Piscine ass e Park vun 12 Hektar mat 2500 Beem a villen exoteschen an eenheemeschen Planzen.

Och zu Furnas leien déi nei ugeluechten Piscinnen vun Poça da D. Beija wou besonnesch d’Leit aus dem Duerf sech ameséieren. No bäi Ribeira Grande fannt Där d’Termen vun Caldeiras déi awer no 200 Joer missten renovéiert ginn.

Trotzdem kënnt Där Iech Äre perséinlechen “Cocktail “ matt deenen sëllechen Mineralwaasser vun Furnas mixen, dorënner och d’ Waasser vun der Quell Gloria Patri. Passt just op : verschidden Quellen sinn gliddeg waarm... Prost!!

Jiddereen deen sech fir vulkanesch Aktivitéiten interesséiert , kënnt zu Furnas op seng Käschten.

D’Azoren sinn keng klassesch Plagedestinatioun.Trotzdem fannt Dir hei vill schéin Plagen (matt rengem, schwaarzen Sand), déi eng grouss a populär, déi aner kleng, heemlech a gutt verstoppt. Verschiddener sinn iwwerwaacht an d’Qualitéit vum Waasser gëtt lafend gepréift (Excellent). Op verschiddene Platzen gëtt ëtt och Naturbasengen am Mir. Déi bekanntste Plagen sinn: Ribeira Quente (wou eng waarm Quelle am Mir ass), Agua de Pau, Pópulo, Santa Bárbara (besonnescht beléift bei de Surfer), Praia dos Moinhos zu Porto Formoso, Praia das Amoras…matt engem géien Wee fir dohin.. Ponta da Ferraria huet ë Baseng wou eng waarm Quell sech mam Mierwaasser vermëscht. An dann gëtt ëtt och nach d’Naturbasengen vun Mosteiros.

Jiddereen fënnt seng Plage...

Facebook - Azores Trekking